Find Your Next Job

Agent Éducatif Oder Éducateur Diplômé (M/F/N) - Cdi - 75% - Luxembourg Ville

Posted on March 13, 2025

  • Part Time

Agent Éducatif Oder Éducateur Diplômé (M/F/N) - Cdi - 75% - Luxembourg Ville
Description

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Meedercherswunngrupp zu Bouneweg:

Een Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d)

CDI – Vollzäit

Är Aufgaben :

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen

  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen

  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen

  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

  • Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Führerschäin (B)

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel

  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg


Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun an Reegelung vun den Aarbechtszäite laut SAS Kollektivvertrag CCT-SAS

  • Sympass Kaart

Langues Luxembourgish; Letzeburgesch French German Education Technique

Tailor Your Resume for this Job


Share with Friends!