Find Your Next Job
Ed. Gr. (M/W/D) - Wunngrupp Fir Kanner A Jugendlecher Zu Mäerzeg (M. Gisèle Et Georges) - Cdi - 100%
Posted on Feb. 19, 2025
- Mersch, Luxembourg
- No Salary information.
- Full Time

Är Aufgaben:
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Kanner a Jugendlechen ;
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner an Jugendlechen ;
- Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen ;
- Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen ;
- Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an.
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur Gradué oder eng Equivalenz.
- Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
- Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
- Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Führerschäin (B)
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
- Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen
- Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
- Sympass Kaart
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
- Liewenslaf mat Foto
- Motivatiounsbréif
- Kopie vum Diplom
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Bac +3
Tailor Your Resume for this Job
Share with Friends!