Find Your Next Job
New Educateur Diplômé (M/W/Nb) - Kannerhaus Itzeg
Posted on April 4, 2025
- Itzig, Luxembourg
- No Salary information.
- Part Time

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d'Kannerhaus Itzeg (Foyer Kopplabunz) een Educateur diplômé (M/W/NB) - CDI - 30 Stonnen/Woch
Obligatoresch Ufuerderungen
Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Dir hutt minimum 3 Joer Beruffserfarung
Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Tailor Your Resume for this Job
Share with Friends!